Bléck op d’ Kalennerwoch 51 An der Woch tëscht dem 13. an dem 20. Dezember gesäit een ee méi däitleche Réckgang an der Zuel vun de Neiinfektiounen, mir si bei elo minus 22 Prozent, an der Virwoch waren et -10 Prozent. Duerch d’ Schoulvakanz, ass dës Woch een nach méi däitleche Réckgang méiglech. Déi nei Mesuren déi…
Read more
Obwuel et déi lescht Woch mat 891 Neiinfektiounen op engem Dag een neie Rekordwäert gouf, ass et iwwert d’ Woch gekuckt déi 4. Woch hannerenee wou d’ Zuele liicht zréck ginn. D’ 7-Dages-Inzidenz léit elo bei 550. Bis op Weideres feelen Donnéeë vun de Persounen déi an Autoquarantän positiv getest gouf, eng wichteg Zuel fir d’ Dynamik vun de Neiinfektioune…
Read more
1. Ein Virus wird zum weltweiten Medienereignis; 2. Massenmedien konnten Rolle nicht immer erfüllen;
3. Soziale Medien verstärken Meinungen; 4. Politische Entscheidungen aus der Black Box; 5. Aus der Krise lernen
D’ Zuele sinn elo déi zweet Woch hannerenee liicht réckleefeg. De Reproduktiounstaux leit aktuell bei 0,98 Bei engem Reproduktiounstaux vun 0,9 dauert et knapp 5 Woche bis sech d’ Zuel vu Neiinfektiounen hallwéiert. Bis Chrëschtdag wier een nach ëmmer an engem dräistellege Beräich vu Neiinfektiounen an d’ Spideeler eventuell bis dohin iwwerlaascht. D’ Feieren an der Famill kéint zum Superspreading Event…
Read more
Insgesamt gesäit een dat virun allem an de leschten Deeg sech d’ Verhale vun de Residenten zu Lëtzebuerg geännert huet. Eng Tendenz déi sech an de nächsten Deeg verstäerke misst, an dee mat den Erfarungen aus dem Fréijoer och dozou bäidroe wäert dat d’ Infektiounszuelen ausgebremst ginn. Wei staark kann haut kee soen.
Wat och interessant ass, wann een di aktuell Wäerter vu Lëtzebuerg mat de Nopeschlänner vergläicht, sinn hei d’ Wäerter méi staark zréck gaangen, esouguer par Rapport zu Länner déi eigentlech scho méi streng Mesuren hunn.
An der Kalennerwoch 43 sinn 12 Mënsche mat enger SARS-CoV-2-Infektioun gestuerwen. Zanter laangem déi éischte Kéier nees eng Persoun an di 50 Joer. Och 2 Persounen am Alter vu 60-69 si verscheet. Mat 8 Fraen a 4 Männer, statistesch gesinn stierwe méi Männer Fraen duerch eng Infektioun mat dësem Coronavirus.
De Weekend war ech och verwonnert wisou et zu Lëtzebuerg net zu neie Mesure kennt. Ech hu mer e puer Gedanke gemaach a sinn nach emol méi genee der Fro nogaange wat d’ Reduktioun vu Kontakter genee bréngt. An der Woch vum 12. bis 18. Oktober sinn 2 weider Persounen un enger Sars-CoV-2-Infektioun gestuerwen. Et waren 2 Männer iwwer 79 Joer. Par Rapport zur Woch virdrun ass d’ Zuel u Neiinfektiounen eng weider Kéier drastesch an d’ Luucht gaangen. Virun allem iwwert Ordonnance (also op Symptomer) ginn ëmmer méi positiv Fäll detektéiert. Och am Large Scale Testing ginn ëmmer méi positiv Fäll detektéiert.
30 Prozent manner Kontakter heescht 50 Prozent manner Infektiounen.
An dësem Bäitrag erklären ech wisou et wichteg ass grad elo d’ Kontakter ze reduzéieren.
Wat Ënnerscheed de Mënsch vum Coronavirus?
D’ Intelligenz.
De Coronavirus huet keng Intelligenz a fonctionéiert ëmmer nom nämmlechte Schema. Duerch e kollektiven Effort a mat e bëssen Intelligenz a Mënscheverstand misst et héichentwecklte Länner méiglech sinn di ganz Entwécklung am Grëff ze halen.
Infektioune verhënneren, Infektiounsketten effikass ënnerbriechen a vulnerabel Persoune schützen. D’ Rezept wat et brauch fir d’ Pandemie am Grëff ze halen ass zimmlech einfach, an et brauch sécher kee Lockdown.