Am Vakanzeféiwer: Wou ass de gesellschaftlechen Discours?

Mir sinn am Vakanzeféiwer. Mee do war dach nach eppes, ajo mir liewen an enger Pandemie.

Nom Lockdown sinn d’ Nei-Infektiounen zu Lëtzebuerg am eestellege Beräich gewiescht. Wou d’ Zuelen zweestelleg ginn si koum eng éischt Nervositéit op. D’ Zuele sinn op iwwer Honnert gesprongen, Panik koum op. Mëttlerweil hu mer eis offonnt, datt d’ Zuelen an der Moyenne ëm 50 Fäll den Dag leien. Villes kënnt elo op den Hierscht un an do sinn nach eng Partie Aufgaben ze leisen.

No Retour aus der Vakanz méi geziilt testen

Zanter e Méindeg ass de Congé Collectif eriwwer. E groussen Deel vun den Aarbechter gëtt op de Sars-CoV-2 getest. Datt d’ Zuelen also di nächst zwou Woche wäerte méi héich si wonnert net. Och jiddereen, dee wëll kann sech gratis op de neie Coronavirus teste loossen nodeems en aus der Vakanz kënnt. D’ Santé huet am Wocheréckbléck vun der Kalennerwoch 34 drop higewisen, datt vun den 334 Neiinfizeierten sech d’ Hallschent am Ausland infizéiert hunn. Weider Detailer ass een net gewuer ginn. Hei wier et allerdéngs wichteg, datt ee gewuer géif gi, wou déi Leit sech am Ausland ugestach hunn an eventuell Recommandatiounen erausgi wien sech teste soll loossen.

Den Alpinist deen zwou Wochen eleng mam Rucksak duerch d’ Alpe gewandert ass brauch sech net Testen ze loossen. Vläicht awer Léit, déi a Party-Regioune waren oder op Besuch bei der Famill waren. D’Éisträicher hunn zum Beispill en Opruff gemaach, datt Persounen, déi a Kroatien waren sech gratis kennen teste loosse vun de 14’300 Tester waren der 279 positiv (Stand 22. August).

Fro vun Ëmgang mat Schoule weider onkloer

D’ Schoul geet a knapp zwou Wochen nees un. Wéi genee weess keen.

Nodeem d’ Schoulen a Südkorea dréi Méint op ware sinn se am Groussraum Seoul elo nees zou, d’ Infektiounszuele wiere staark an d’ Luucht gaangen, esou d’Autoritéiten.

An den aktuelle Recommandatioune schreift d’ Weltgesondheetsorganisatioun, datt Kanner ab 12 Joer sollen eng Mask droen. An och Kanner tëscht 6 an 11 Joer wann Ofstandsreegelen net kennen agehale ginn, wéi beispillsweis a Schoulen. Virun der Rentrée wier et och wichteg  gewuer ze gi wéi ee mat engem positive Fall ëmgeet. Wee muss a Quarantän? Wéi gëtt getest? Wéi gi mer mat Schülerinnen a Schüler ëm, déi Erkältungssysmptomer hunn?

Ee weidere Problem, deen an de méi kale Joreszäiten opkënnt, ass d’ Fro vum Lëften. Ideal wier et e permanente Loftaustausch ze hunn oder opmannst reegelméisseg grouss ze Lëften.

Och den Eenzelen huet eng Verantwortung

Wéi sech de Virus verbreet a wéi een d’ Ausbreedung bremse ka wësse mer mëttlerweil all. Et sinn déi enk physesch Kontakter, déi d’ Propagatioun vum Virus begënschtegen. Als klengt Gedankeexperiment kann sech jo jiddereen emol d’ Fro stelle wéi vill Kontakter een iwwert di leescht Woch hat, wou een sech hätt kennen ustiechen. Bei mir waren et iwwert di lescht Deeg siwe Kontakter. Wéilt ech mäi perséinleche Risiko erofsetze kéint ech zum Beispill decidéieren di nächst Deeg nëmme mäi Bouf a meng Fra ze gesinn.

De Virolog Prof. Claude P. Muller huet scho viru Wochen d’ Propose gemaach, datt een sech all Dag soll opschreiwe mat wiem ee Kontakt hat. Eng Propose, déi och de Virolog Prof. Christian Drosten an Däitschland fir den Hiescht an d’ Diskussioun bruecht huet. Am Prinzip ass et einfach sech all Owend kuerz Zäit ze huelen an opzeschreiwen, wou ee Risiko-Kontakter hat. Dat mécht de Contact Tracing méi einfach, ma et huet een och selwer besser een Iwwerbléck wéi vill Kontakter een hat. A vläicht kann een sech jo selwer eng maximal Unzuel pro Woch ginn. Wat manner esou Kontakter, wat de Risiko mam Virus a Kontakt ze komme méi kleng ass.

Et gëtt méi kal, mir si méi dobannen

Mam Hierscht a Wanter, dee méi nokënnt ass et och eriwwer mat Temperaturen iwwer 30 Grad a Sonn op den Terrasse bis no 22 Auer. Insgesamt si mer an de nächste Woche manner dobaussen a nees méi dobannen, den Infektiounsrisiko klemmt. Ma wann ee Frënn oder Famill bei sech Heem invitéiert kéint een de Mask och bannen unhalen ausser fir d’ Iessen. Genee wei een dat och an de Restaurante kéint reegelen. Eng Propose, déi den Infektiolog aus dem CHL Dr. Vic Arendt am Juli scho gemaach hat.

Wou ass de gesellschaftlechen Discours?

Mir brauchen ee gesellschaftlechen Discours wat iwwert di nächst Wochen d’ Prioritéite sinn. Et geet net duer den Test-Weltmeeschter ze sinn oder ze soen net ouni meng Mask. Mir brauchen en Debat iwwert dat wou mer wëllen a net nëmme wochelaang Diskussiounen iwwert dat wat mer net wëllen. Mir mussen déi vulnerabel Leit schützen, mir mussen de Kanner den Zougang zu Bildung erméiglechen, mir musse kucken, datt och d’ Wirtschaft weider dréint, an datt jiddereen e Maximum u Fräiheete behält. Et bleift nëmmen d’ Fro “Wéi?”!

163 Responses

  1. write my essay custom writing

    paper write my essay custom writing editing help, cover latter help.

Comments are closed.