De Lëtzebuerger Wee

D’ Situatioun zu Lëtzebuerg wier nach ënner Kontroll, ma awer ugespaant, esou léisst sech d’ Pressekonferenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert kuerz a knapp zesummefaassen. Eng Analys vum Lëtzebuerger Wee.

Large-Scale-Testing méi séier wéi privat Laboen

Hunn ech de Sars-CoV-2 erwëscht oder net? Eng Fro, déi sech ëmmer méi Mënschen an de nächste Woche wäerte stellen, spéitstens dann, wann d’ Nues leeft oder den Hals kraazt. Nëmmen e Labo kann do eng kloer Äntwert ginn a fir d’ Verbreede vum Virus ze ënnerbanne brauch et séier Resultater. Gutt organiséiert sinn d’ Large Scale Tester, et kritt een eng Invitatioun, et hellt een sech Rendezvous, den Dag selwer fiert ee mam Auto an d’ Statioun a no 2 Minutten ass een derduerch. D’ Resultat kennt normalerweis bannent 24 bis 48 Stonnen. Mir si Fäll bekannt wou Persounen op Ordonnance vum Dokter Stonnelaang bei engem Privatlabo an der Schlaang stoungen an um Enn gesot kruten dir kritt d’ Resultat an 48 bis 72 Stonnen.

Persounen déi op Symptomer getest ginn, musse prioritär behandelt ginn, grad elo wou d’ Zuele klammen.

E Problem deen der Santé bekannt ass a wou een elo och well usetzt.

Hëllefe kennen do déi sougenannte Schnelltester, déi zanter haut zu Lëtzebuerg dierfe genotzt ginn. E private Fuerschungszenter zu Esch huet esou ee Schnelltest entwéckelt, deen elo um Marché ass (1).

D’ Schnelltester wäerten an enger éischter Phase de PCR-Test an der Diagnostik net kennen ersetzen, esou de Virolog Christian Drosten a sengem aktuelle Podcast (2). Fir den däitsche Virolog wieren d’ Schnelltester gutt fir an enger bestëmmter Situatioun ze soen op eng Persoun deen Ament infektiéis ass. Esou Schnelltester kéinten dann zum Beispill als zousätzlech Mesure genotzt gi wann een eng Persoun an engem Alters- oder Fleegeheem well besichen.

Kleng Efforte kennen en Ënnerscheed maachen

Wei an anere Länner, kennt och elo zu Lëtzebuerg d’ Arméi bei der Noverfolgung vu Fäll mat an den Asaz fir ze verhënneren dat de Virus sech weider verbreet. Et war haut den Opruff vun der Regierung d’ Kontakter op dat wesentlecht ze reduzéieren a sech am Idealfall esouguer opzeschreiwe mat wiem ee Kontakt hat. Eng Iddi vum Virolog Prof. Muller, deen am leschte Blog-Bäitrag erläutert gouf (4). Spéitstens wann ee Symptomer huet a sech teste war, kann en an där Zäit wou een op e Resultat waart sech opschreiwe mat wiem ee Kontakt hat an och wei eng Aart vu Kontakt et war. Esou kann den Tracing méi séier a méi effikass gestalt ginn.

Fir dat ganzt ze konkretiséieren hunn ech och eng Virlag ausgeschafft déi sech jidderee kann erausprinten.

Zenario wei am Summer éischter onwarscheinlech

An der Pressekonferenz sot d’ Gesondheetsministesch dat ee wei am Summer och des Kéier nach emol gemeinsam kéint d’ Kéier kréien. Dat gesinn ech manner optimistesch, hate mer dach am Summer Vakanz, wou d’ Schoulen zou waren, d’ Leit gereest sinn an allgemeng manner Kontakter haten an insgesamt alles méi lues gedréint huet. Deemools hat ech vun engem Lockdown light geschriwwen (4). Ech deelen d’ Aschätzung dat een d’ Kéier nach emol ka kréien, mee da muss wierklech jiddereen Efforte maachen andeems di bekannte Mesuren (Hygiène, Ofstand a Masken) méi konsequent agehale ginn an och jidderee seng “ongeschützte” Kontakter op e Minimum reduzéiert.

Och an de nächste Woche wäerte Mënschen un enger Infektioun stierwen

Schonn eleng wann een sech d’ Entwécklung vun den aktiven Infektiounen ukuckt gesäit een dat a noer d’ Zukunft d’ Hospitalisatioune weider wäerten an d’ Luucht goen an datt och weider Persounen u Sars-CoV-2 wäerte stierwen. Och an de leschten Deeg klemmt d’ Zuel vun aktiven Infektiounen an den Alterstranchen iwwer 60 Joer.

Mir wëssen alleguer wéi mer duerch Ofstand halen a Mask droen Infektioune kenne verhënneren, bei vulnerabele Persoune sollt een do nach méi virsiichteg sinn.
An enger grouss ugeluechter Etüd an Indien gouf analyséiert wéi d’ Infektiounsweeër sinn (5). Eng wesentlech Erkenntnis ass, dat sech virun allem Persounen aus de nämmlechten Altersgruppen ustiechen. Dofir ass et virun allem och wichteg ënner Gläichaltrege virsiichteg sinn.

Wat Ënnerscheed de Mënsch vum Coronavirus?

D’ Intelligenz.

De Coronavirus huet keng Intelligenz a fonctionéiert ëmmer nom nämmlechte Schema. Duerch e kollektiven Effort a mat e bëssen Intelligenz a Mënscheverstand misst et héichentwecklte Länner méiglech sinn di ganz Entwécklung am Grëff ze halen.

  1. https://static.healthcare.siemens.com/siemens_hwem-hwem_ssxa_websites-context-root/wcm/idc/groups/public/@global/@lab/@moldiag/documents/download/mda5/oti3/~edisp/md-ftd-sars-cov2-assay-spec-sheet-0820-final-07432513.pdf
  2. https://www.ndr.de/nachrichten/info/Drosten-im-Corona-Podcast-Die-Gefahr-koechelnder-Cluster,coronavirusupdate122.html
  3. https://pierre.weimerskirch.net/nemmen-eist-verhale-bestemmt-de-verlaf-vun-der-pandemie/
  4. https://pierre.weimerskirch.net/mir-leiere-grad-ze-surfen/
  5. https://science.sciencemag.org/content/early/2020/09/29/science.abd7672

2 Responses

Leave a Reply

Your email address will not be published.