“Deen anere kéint Recht hunn”

“Der andere könnte Recht haben”, esou beschreift den däitsche Philosoph Hans-Georg Gadamer d’ Grondlage vun der Hermeneutik. Also d’ Interpretatioun an d’ Verstoe vun Texter. Ouni nozelauschtere keen Discours.

Ech lauschtere gären no a liesen och Meenungen déi net menger entspriechen. Nëmmen esou kann een erausfannen ob den aneren da net awer villäicht Recht huet.

Ech setze mech an dësem Bäitrag mat zwou Aussoen auserneen di aktuell op de Soziale Reseauen diskutéiert ginn.

Et stierwe kaum Mënschen zu Lëtzebuerg duerch eng Infektioun mam Sars-CoV-2

Source: Nature

Den Ament gesäit et esou aus wei wa mer fir 2020 keng Iwwerstierflechkeet am Grand-Duché kréien. Datt dowéinst de neie Coronavirus net méi geféierlech ass wéi di normal Gripp ass falsch. Et ass jo dat deklaréiert d’ Zil vun der Politik eben dat ze verhënneren. De Bléck an d’ Ausland weist, datt do wou manner streng oder méi spéit reagéiert gouf et duerchaus eng Iwwerstierflechkeet gëtt (1).

Et ass ee klassescht Beispill fir de Preventiounsparadox. Et kéint ee jo och nom Fallschiermsprong soen, ech hätt kee Fallschierm gebraucht, well ech hu jo iwwerlieft.

Source: Nature

Och an ëmmer méi Länner ginn Etüde publizéiert déi weisen dat den Alter dee gréisste Risikofacteur ass. (2) Doudesfäll bei Kanner gëtt et kaum. Fir Persounen iwwer 65 Joer ass de Risiko un enger Infektioun mam Sars-CoV-2 ze stierwen däitlech méi héich wéi bei enger Influenza.

Vill an der Kritik stoungen an de leschte Wochen och d’ Prognose vun der Covid-19 Task Force. An enger vun de Simulatioune war vu bis zu 2000 Doudeger riets gaangen an iwwerlaaschte Spideeler Ënn August. En Zenario wou mer all frou sinn dat e net agetraff ass, ma eng Previsioun déi fir vill Angscht an elo och vill Skepsis suergt.

Déi lescht Prognos vun de Wëssenschaftler war vill méi virsiichteg a manner detailléiert. Nach viru Woche gouf eng Plattform an Aussicht gestallt wou een a reegelméissegen Ofstänn di neiste Prognose géif fannen, eppes wat ni ëmgesat gouf.

Ech suivéieren d’ Evolutioun vun der Pandemie um Site vun engem amerikaneschen Datenanalysen, dee mat enger kënschtlecher Intelligenz op Grond vun den aktuellen Zuele virausseet wat geschitt. Hie baséiert sech nëmmen op den Doudeszuelen, well dës fir hien déi eenzeg weltwäit vergläichbar Valeure sinn (3). Wéi Enn Juli nees Persounen um Coronavirus zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn, war an dëse Simulatioun vu bis zu 300 Doudegen Ugangs November riets. 

covid19-projections.com/luxembourg

PCR-Tester sinn zweifelhaft

D’ Lëtzebuerger Test-Strategie gouf scho méi wéi eng Kéier ugepasst oder geännert. Fir den Duerchbléck ze behale wat elo um Ënn d’ Strategie ass, ass do net ëmmer esou einfach.

Datt dat villt Testen dem Pandemie-Verlaf zu Lëtzebuerg net geschuet huet weist d’ Situatioun an där mer eis den Ament befannen, wou d’ Spideeler kaum Corona-Patiente betreien.

D’ Fallzuelen hei am Land sinn iwwert di lescht Woche relativ stabel bliwwen, fir d’ Rentrée gëtt erëm méi getest an do kennen d’ Zuelen duerchaus nach e bësse klammen. Wat net muss heeschen, dat de Virus nees méi zirkuléiert.

De Robert Koch Institut huet folgend schematesch Duerstellung um Internetsite publizéiert (4):

Source: RKI

Mam PCR-Test kann een de Virus selwer net noweisen, genee esou wei een net ka soen ob eng Persoun infektiéis ass. De PCR-Test weist awer ob een eng Infektioun mam Virus huet oder hat.

Bei engem positiven Test dee net op Grond vu Symptomer gemaach gouf kann ee net soen ob et sech em eng pre-symptomatesch Persoun handelt, eng asymptomatesch oder eng Persoun déi scho viru Wochen eng Infektioun hat. Esou kann et och virkommen dat et zu Situatioune kennt wou net-infektiéis Persoune fonnt ginn an och do Kontakter a Quarantän gesat ginn déi iwwerhaapt net konnten ugestach ginn. Dëst ass jo ee vun de Grënn wisou verschidde Wëssenschaftler fir Antigen-Schnelltester plädéieren, déi de Virus noweise kennen an och méi probabel Aussoe maache kennen iwwert d’ Infektiositéit. D’ New York Times huet sech ausféierlech an engem Artikel domat ausernaner gesat (5).

Weiderhi bléift de Bléck op d Spideeler wuel dee beschten Indicateur wei de weidere Verlaf vun der Pandemie zu Lëtzebuerg ass.

 

  1. https://www.nature.com/articles/d41586-020-02497-w?utm_source=Nature+Briefing&utm_campaign=91ddd34d75-briefing-dy-20200902&utm_medium=email&utm_term=0_c9dfd39373-91ddd34d75-45253754
  2. https://www.nature.com/articles/d41586-020-02483-2?utm_source=Nature+Briefing&utm_campaign=2dc8b44334-briefing-dy-20200901&utm_medium=email&utm_term=0_c9dfd39373-2dc8b44334-45253754
  3. https://covid19-projections.com/luxembourg
  4. https://www.rki.de/DE/Content/InfAZ/N/Neuartiges_Coronavirus/Vorl_Testung_nCoV.html
  5. https://www.nytimes.com/2020/08/29/health/coronavirus-testing.html

6 Responses

  1. Marcel says:

    Waat ass dann engem RTL journalist eng Meenung iwwer folgend Geschichten: https://guykaiser.lu/covid-19-e-bierger-a-papp-ried-den-deputeierten-an-dgewessen/
    Wiesou äussert sech RTL net iwwer sou Studien a mecht mol e puer Recherchen!

  2. Spot on with this write-up, I actually believe that this amazing site needs a great deal
    more attention. I’ll probably be back again to read more, thanks for the
    advice! 0mniartist asmr

  3. Everyone loves what you guys are usually up too. This kind
    of clever work and exposure! Keep up the superb works guys I’ve added you guys to
    my personal blogroll. asmr 0mniartist

  4. 0mniartist says:

    Actually no matter if someone doesn’t understand then its up to other viewers that they
    will assist, so here it happens. 0mniartist asmr

  5. Everything is very open with a very clear explanation of the challenges.
    It was definitely informative. Your site is useful.
    Thanks for sharing! 0mniartist asmr

  6. Inspiring quest there. What occurred after?
    Thanks! asmr 0mniartist

Comments are closed.