Kontakter reduzéieren heescht Schoulen a Restauranten ophalen

Esou een Titel géif ech a normalen Zäiten net schreiwen. Mee et muss eis all bewosst ginn em wat et elo geet. D’ Infektiounszuele kammen a ganz Europa.

Et ass net esou schwéier den Trend aus de leschten Deeg zu Lëtzebuerg ze briechen. An de nächste puer Zeile wëll ech d’ Argumenter opziele wisou et grad elo wichteg ass Kontakter ze reduzéieren.

Kontakter reduzéieren heescht Infektioune verhënneren

„30 Prozent weniger Kontakte, heisst 50 Prozent weniger Infektionen”, esou sot den éisträichesche Gesondheetsminister Rudolf Anschober gëschter um ORF.

Lo Fro der Iech sécher wisou 30 Prozent manner Kontakter 50 Prozent vun den Infektioune verhënneren. Ganz einfach, well et quasi eng duebel Mesure ass. Am Einfachste kann een dat duerch e Beispill erklären.

Wann een op enger Gebuertsdagsfeier ass wou 10 Leit sinn ass de Risiko méi grouss dat eng infizéiert Persoun do ass an anerer ustécht wei wann ee nëmmen zu 6 feiert. Gläichzäiteg kann di Infizéiert Persoun ob der enger Feier nëmme potentiell 5 Leit ustiechen ob der anerer 9.

Dëst einfacht Beispill erklärt wei een duerch 30 Prozent manner Kontakter d’ Infektiounen ëm 50 Prozent kann drécken.

Wisou heescht dann elo Kontakter reduzéiere Schoulen a Restauranten ophalen?

Wann een ze vill Neiinfektiounen huet, verléiert een d’ Kontroll iwwert d’ Pandemie, et kritt een d’ Fäll net méi noverfollegt an da brauch et ganz streng Mesuren, en haarde Lockdown, fir d’ Situatioun nees an de Grëff ze kréie fir d’ Kapazitéiten an de Spideeler net ze iwwerlaaschten.

A leider si mer um Wee d’ Kontroll ze verléieren, wei aus dem lëschte Rapport vun der Covid-19 Task Force ervirgeet (1).

An dëser Grafik aus deem Rapport gesäit ee wisou:

Mir beweegen eis a Richtung 3 Prozent Prevalenz, gerechent op Basis vum Large Scale Testing, leit een iwwer 3 Prozent kritt een d’ Pandemie kaum nach agedämmt. Situatiounen déi een am Ausland gesäit a wou zum Deel schonn haart Mesuren hu missen ergraff ginn.

Wat muss geschéien?

  • Kontakter reduzéieren idealerweis em mindestens 30 Prozent (an dat elo a net erréicht an e puer Wochen)
  • Contact Tracing ënnerstëtzen andeem een opschreift mat wiem ee Kontakt hat (2)
  • Bei Kontakter gëllt weider: Distanz halen, Mask un, Hännwäschen a Lëfte wann et geet
  • Opkläre wisou Mesuren eppes bréngen an a sengem Reseau déi Saachen och erklären. Zum Beispill wann een op eng Feier invitéiert gëtt d’ Propose maachen sech des Woch zu 5 ze treffen an dann di nächst Woch mat anere 5.
  1. https://storage.fnr.lu/index.php/s/mL1O2lr88R9NMHo/download
  2. https://pierre.weimerskirch.net/de-letzebuerger-wee/

202 Responses

  1. penis enlarger pump

    […]very handful of web-sites that transpire to be comprehensive beneath, from our point of view are undoubtedly very well worth checking out[…]

  2. porn asmr says:

    porn asmr

    […]just beneath, are a lot of absolutely not related internet sites to ours, even so, they may be surely really worth going over[…]

Comments are closed.