
Eng Datenanalys zur Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg
Uff, et gesäit esou aus wei wann mer déi zweet Well gepackt hätten. Soulaang mer keng breet Immunitéit an der Populatioun hunn wäerten d’ Infektiounszuelen ouni Mesuren nees an d’ Luucht goen. An deem Sënn waart nach déi eng oder aner Well op eis. An do géif ech da gär d’ Analogie vum Surfe benotzen.
Mir léiere grad mam Virus ze liewen an et geet drëms dat mer um Briet stoe bleiwen a keng Wëll eis matrappt. Dat ganzt steet a fält mam sougenannte Contact Tracing. Also dem Noverfollege vun de Fäll fir esou d’ Infektiounsketten ze ënnerbriechen, dat op mannst geet aus de neisten Zuele vun der Santé ervir.
Positiv Fäll musse kënnen noverfollegt ginn
Zanter e puer Woche gi méi detailléiert Donnéeë publizéiert, wat eng Analyse vun der Situatioun iwwerhaapt emol méiglech mecht. Am Zäitraum 29. Juli bis 16. August goufen insgesamt 853 Persounen zu Lëtzebuerg positiv op Sars-CoV-2 getest. A folgender Tabell gesäit ee wéi sech dës positiv Fäll opschlësselen.
Positivfäll am Zäitraum 29.07-16.08.2020 | Res | % | Non-Res | % | Total | % |
Gesamt | 705 | 82.65 | 148 | 17.35 | 853 | 100 |
Ordonnance | 218 | 25.56 | 47 | 5.51 | 265 | 31.07 |
Large Scale Testing | 134 | 15.71 | 21 | 2.46 | 155 | 18.17 |
Voucher | 20 | 2.34 | 14 | 1.64 | 34 | 3.99 |
Contact Tracing | 333 | 39.04 | 66 | 7.74 | 399 | 46.78 |
Knapp 30 Prozent vun de positiven Tester si Persounen déi iwwert eng Ordonnance vum Dokter detektéiert goufen, deemno also Symptomer (op liicht oder schwéier) opgewisen hunn a getest goufen.
Iwwert de Large Scale Testing goufen ëmmerhi bal 20 Prozent detektéiert, deemno Persounen déi de Virus a sech droen an et zu deem Ament net onbedéngt woussten. Positiv Resultater op déi een eventuell ni opmierksam gi wier.
Iwwert d’ Voucheren déi um Flughafe verdeelt gi goufe 34 Persoune positiv getest, wat knapp 3,5 Prozent vun alle Fäll am genannten Zäitraum sinn.
Knapp d’ Hallschent si Leit déi iwwert de Contact Tracing ermëttelt goufen, an am Prinzip duerch Isolatioun esou d’ Infektiounskette gebrach goufen an deemno keng weider Persoune konnten ustiechen.
D’ Zuele weisen däitlech datt de Contact Tracing e wesentleche Bestanddeel vun enger Andämmungsstrategie muss sinn. (A Spuenien gesäit een den Ament wat geschitt wann d’ Autoritéiten net méi nokomme mam Noverfollegen.)
Och de Large Scale Testing dréit seng Friichten. Positiv Fäll ginn detektéiert, Kontakter isoléiert, ma wei vill der dovun duerno positiv getest ginn ass kaum nozevollzéien.
Situatioun liicht entspaant
An der Woch vum 10. bis 16. August gouf bei 249 Persounen eng Infektioun mat Sars-CoV-2 festgestallt. Dat ass am Trend zu de Woche virdrun. Och den Taux vun de positive Fäll gekuckt op d’ Unzuel vun den Tester ass réckleefeg.
Den Ament gëtt manner getest wouduerch och manner asymptomatesch Fäll fonnt ginn. Allerdéngs wier den Taux warscheinlech nach méi déif well beim Large Scale Testing an de leschte Woche ronn 2 vun Dausend Tester positiv. Deemno ass eng kloer Tendenz ze gesinn dat de Virus nees manner present an der Populatioun ass.
Tester | Positiver | Taux | |
20.07-26.07 | 82931 | 695 | 0.838 |
27.07-02.08 | 67022 | 525 | 0.783 |
03.08-09.08 | 50219 | 354 | 0.705 |
10.08-16.08 | 37725 | 249 | 0.66 |
Ausbléck
Et muss ee bedenken dat mer den Ament an engem Lockdown Light sinn. Et ass Summervakanz, d’ Schoule sinn zou, genee esou wei de Bau. Vill Leit sinn an der Vakanz.
Wann elo am September nees alles uleeft, kritt och de Virus nees d’ Méiglechkeet sech méi einfach ze verbreeden. Ma d’ Ausgangspositioun fir an den Hierscht eran huet sech nees liicht verbessert. A vläicht bleiwe mer elo all zesummen um Briet stoen a surfe gemeinsam duerch déi nächst Wochen.
Source:
https://data.public.lu/fr/datasets/covid-19-rapports-journaliers/
https://data.public.lu/fr/datasets/covid-19-rapports-hebdomadaires/
63 Responses
8pm news slots https://slotmachinesforum.net/
youtube slots casino https://slot-machine-sale.com/
sun and moon slots https://beat-slot-machines.com/
slotomania slots https://download-slot-machines.com/
free slots casino games https://411slotmachine.com/
best free slots with bonus https://slotmachinegameinfo.com/
how to cite a dissertation https://buydissertationhelp.com/
liberty university dissertation handbook https://dissertationwriting-service.com/
dissertation defense presentation https://help-with-dissertations.com/
cheap dissertation help https://mydissertationwritinghelp.com/
dissertation writing course https://dissertations-writing.org/
help dissertation thesis advice https://helpon-doctoral-dissertations.net/
2gradually
Comments are closed.