Neiinfektioune gi liicht zréck an trotzdeem kéinten nei Mesure néideg ginn

D’ Zuele sinn elo déi zweet Woch hannerenee liicht réckleefeg. De Reproduktiounstaux leit aktuell bei 0,98 Bei engem Reproduktiounstaux vun 0,9 dauert et knapp 5 Woche bis sech d’ Zuel vu Neiinfektiounen hallwéiert. Bis Chrëschtdag wier een nach ëmmer an engem dräistellege Beräich vu Neiinfektiounen an d’ Spideeler eventuell bis dohin iwwerlaascht. D’ Feieren an der Famill kéint zum Superspreading Event ginn an d’ Spideeler am Januar/Februar eng weider Kéier viru grousse Schwieregkeete stoen. Bei engem Reprdoduktiounstaux vun 0,8 hallwéiert sech d’ Zuel vu Neiinfektiounen all 2 Wochen a bei 0,7 géifen sech d’ Zuelen all Woch ëm 50 Prozent reduzéieren. Wa sech dës Woch den Trend vum Réckgang net verstäerkt an de Reproduktiounstaux net weider fält, gi weider Mesure néideg fir bis Mëtt Dezember d’ Neiinfektiounen nees op ee gerabbelen Niveau ze kréien.

Bléck op déi lescht Woch

Source: Ministère de la Santé
Source: Ministère de la Santé
Leider ginn d’ Zuele vu Persounen déi a Quarantän positiv getest goufen net méi publizéiert, mam Vermierk: “Au vu du nombre élevé de nouvelles infections et de contacts, il n’est à ce stade pas possible d’indiquer ces données de manière différenciée. Elles sont incluses dans le total des nouvelles infections.”

Dëst ass awer déi wesentlech Kennzuel fir eng genee Aschätzung vun der Situatioun ze maachen. Wichteg wier ze wëssen ob d’ Unzuel vu Persounen déi mat Symptomer op Ordonnance getest goufe weider zréckgaangen ass oder net.
Source: Ministère de la Santé
Och di lescht Woch waren d’ Neiinfektioune liicht réckleefeg, allerdéngs net méi an deem Mooss wei déi Woch virdrun. Beim Large Scale Testing ass den Taux de Positivité bei 1.68 Prozent, genee wei an der Woch virdrun, ma et sinn iwwer 10 000 Tester méi gemaach ginn, wat och do erkläert wisou méi positiver fonnt goufen.
This image has an empty alt attribute; its file name is Screen-Shot-2020-11-16-at-19.41.49.png

Wisou kéinten d’ Zuelen des Woch méi séier falen?

Et ginn eng Partie Facteuren déi dës Woch nach kéinten eng Roll spillen. Dat eent ass d’ Fro wei vill Leit an der Quarantän positiv goufen an deemno am Prinzip kee méi ustieche konnten, eng Informatiounen déi wei erkläert net méi publizéiert gëtt.

Des weidere wäerten di allgemeng Mesuren déi elo zanter Enn Oktober gëllen, e weideren Effet hunn. Och de Large Scale Testing, wou iwwert déi lescht Woche versicht ginn ass de Virus anzedämme kéint elo een Effet hunn an en leschte Facteur sinn di streng Mesuren déi an de Nopeschlänner gëllen, och hei ass en Impakt op Lëtzebuerg ze erwaarden.

Wisou kéinten d’ Zuelen des Woch net méi falen?

Ganz einfach, well d’ Mesure net duer gi fir genuch Kontakter ze ënnerbanne wou de Virus kann iwwerdroe ginn. An der Optik ass et sécher vu Virdeel dat d’ Politik nei Mesure preparéiert, déi Ënn dëser oder ugangs nächster Woch kéinten a Kraaft trieden. Gett den Trend no ënnen net méi kloer bleiwen d’ Zuelen nach iwwer Wochen héich, an d’ Spideeler dann zimmlech sécher grouss Schwieregkeete kréien.

557 Responses

  1. how to buy propecia cheap

    where to buy propecia online forums

  2. where to get propecia online

    where to buy cheapest propecia

Comments are closed.