Nëmmen eist Verhale bestëmmt de Verlaf vun der Pandemie

Infektioune verhënneren, Infektiounsketten effikass ënnerbriechen a vulnerabel Persoune schützen. D’ Rezept, wat e brauch fir d’ Pandemie am Grëff ze halen, ass zimmlech einfach, an et brauch sécher kee Lockdown.

“Das Virus ernährt sich von unseren Kontakten. Ohne Kontakte keine Übertragung. Ohne Kontakte hat das Virus keine Chance. Wenn wir auf Kontakte verzichten nehmen wir dem Virus das Futter”, esou beschréift de Physiker Prof. Dirk Brockmann, en Digital-Epidemiologe, de fir dat däitscht Robert Koch Institut d’Corona-Situatioun an Däitschland évaluéiert, d’ Verhale vum Virus.

Opgrond vun dësem Zitat wëll ech e puer Denkustéiss gi, wéi ee säi perséinleche Risiko ka reduzéieren, an esou och en Deel dozou bäidroen, datt mer mat esou mann ewei méiglech Aschränkungen an de nächste Méint musse/kënne liewen.

Eist Verhale verännert de Verlaf vun der Pandemie

Infektioune kenne verhënnert ginn duerch Ofstand halen a Masken droen. An enger Meta-Analys, déi am Fachmagasinn Lancet publizéiert gouf, gëtt drop higewisen, datt Ofstand halen dat effikasste Mëttel ass fir Infektiounen ze verhënneren. Mir schwätzen hei heefeg vum social distancing, ma physical distancing passt vill besser. Et geet ëm de physeschen Ofstand, net em soziale Kontakt.
Och Masken hëllefen! Een, deen dorun zweiwelt ka gären d’ Lancet-Etude am Detail liesen (1).
Ee Beispill: Wann ee bei sech Doheem en Iessen organiséiert, einfach d’ Zuel vu Persoune reduzéieren, op Ofstand setzen a wann et geet Masken droen.

Mondwaasser kéint hëllefen

A Labostester gouf gewisen, datt verschidde medezinesch Mondwaasser de Sars-CoV-2 kennen desaktivéieren (2). An der Realitéit gouf dëst nach net getest, ma Hygieniker roden dat ee beispillsweis, éier een aner Leit trëfft sech de Mond spullt fir den Infektiounsrisiko ze miniméieren. Respektiv soll een nodeems ee méigleche Kontakt hat (z.B. no engem Besuch am Restaurant oder bei Kollegen) de Mond ausspulle fir d’ Replikatioun vum Virus ze verhënneren. (Dëst ersetzt kengesfalls d’Consigne fir Ofstand ze halen an d’Masken ze droen, allerdéngs kann et ee weidere Bestanddeel vu Schutzmesure sinn, weider Etüde musse weisen op esou effektiv Infektioune verhënnert ginn).

Wee ware meng Kontakter?

Net all Infektioun ka verhënnert ginn. Da gëllt et Infektiounsketten ze ënnerbriechen. Zu Lëtzebuerg gëtt dat weiderhin nëmme manuell gemaach. Eng App wollt d’Politik net. Scho viru Wochen huet de Virolog Prof. Claude P. Muller proposéiert, datt jidderee soll all Dag opschreiwe, wien seng Kontakter ware fir datt am Fall wou, den Tracing méi séier kann oflafen an ee sech och nach un all d’ Kontakter erënnert. Eppes wat bei steigenden Zuele sécher de Leit, déi honnerte Persoune mussen all Woch uruffen d’ Aarbecht méi einfach mécht. Ech perséinlech schreiwe mir all Owend op, wien ech dagsiwwer gesinn hunn, fir mech ass dat en Deel fir och dës Persounen ze protegéieren.
Ech géif gären d’ Propose vum Prof. Muller opgräifen an erweideren. All déi Persounen, déi beim Dokter op Ordonnance en Test op de Coronavirus verschriwwe kréien (de gréissten Deel vu Neiinfektiounen) kéinten an där Zäit, wou se op d’ Testresultat waarden, opschreiwe wien se an de leschten 3 bis 5 Deeg gesinn a begéint hunn. D’ Santé kéint esouguer an de Laboe Formulairen zur Verfügung stelle, wou konkret Froen dropstinn op déi ee vläicht zwee Deeg méi spéit, wann ee bis d’ Resultat kritt a kontaktéiert gëtt, nëmme schwéier eng Äntwert weess. Ech perséinlech géif och all menge Kontaktpersounen aus de leschte 5 Deeg bescheet ginn a soen, datt ech Symptomer hunn an op e Resultat waarden, esou kennen och dës hiert Verhale kuerzfristeg änneren.

A verschiddene Situatiounen einfach nach besser oppassen

Dee gréisste Risikofacteur e schwéiere Verlaf bei enger Infektioun ze hunn ass den
Alter (3). Eng Meta-Analys huet erginn, dat statistesch gesinn all fënnft Persoun, déi
iwwer 85 Joer ass a sech mat Sars-CoV-2 infizéiert, stierft.
De Schutz vu vulnerabele Persounen ass besonnesch wichteg. Den däitsche Virolog
Christian Drosten huet rezent an engem Interview d’ Propose gemaach eng Zort Vir-
Quarantän ze maachen (4) wann ee Chrëschtdag an der Famill well feieren. Spréch
déi Woch virdrun di physesch Kontakter op e Minimum ze reduzéieren. 


Ech well dëse Bäitrag och mat engem Gedanke vum Prof. Dirk Brockmann ofschléissen: “Es muss in den Köpfen der Menschen ankommen, dass sie anstecken können und nicht nur, dass sie angesteckt werden.”

Quellen: 

  1. https://www.thelancet.com/journals/lancet/article/PIIS0140-6736(20)31142-9/fulltext
  2. https://academic.oup.com/jid/article/222/8/1289/5878067
  3. https://www.medrxiv.org/content/10.1101/2020.07.23.20160895v5
  4. https://www.zeit.de/wissen/2020-10/christian-drosten-corona-massnahmen-neuinfektionen-herbst-winter-covid-19?

159 Responses

Comments are closed.