Och ouni nei Restriktioune Villes méiglech

De Weekend war ech och verwonnert wisou et zu Lëtzebuerg net zu neie Mesure kennt. Ech hu mer e puer Gedanke gemaach a sinn nach emol méi genee der Fro nogaange wat d’ Reduktioun vu Kontakter genee bréngt.

Keng nei Restriktiounen, dofir nei Mesuren

An engem rezente Blog-Bäitrag hunn ech kritiséiert, datt Persounen déi op Ordonnance getest gi, méi laang op e Resultat musse waarde wei Persounen déi beim Large Scale Testing matmaachen. A relativ kuerzer Zäit gouf elo een neien Testzenter um Kierchbierg opgemaach wou ee 7 Deeg op 7 sech kann op Ordonnance teste loossen an dat och an enger Zort Drive-In (2). Symptomatesch Persoune séier detektéieren hëlleft bei der Andämmung vun der Ausbreedung vum Virus. Dauert et ze laang bis een e Resultat huet, hu méiglech Kontaktpersounen de Virus schonn un di nächst Persoune weider ginn, esou bréngt een et net fäerdeg Infektiounsketten ze briechen. Dëst dierft eng net onwesentlech nei Mesure sinn, déi méiglecherweis dozou beidreit d’ Unzuel vu Neiinfektiounen ze bremsen.

Kontakter reduzéiere bleift wichtegst Mesure

Vill méi wesentlech ass et awer d’ Kontakter ze reduzéieren. De Wee vun der Lëtzebuerger Regierung ass elo emol deen, dat ouni weider Restriktiounen ze maachen. Et gouf awer ee waarmen Appell gemaach, seng Kontakter ze reduzéieren. An dat kann op Zwang sinn, muss awer net, de Notzen ass duerch einfach Rechemodeller ze weisen. Fuerscher vun der Humboldt-Universitéit hunn een Tutorial online gesat wou een dat relativ einfach erkläert kritt (3).

Inspiréiert un dësem Modell, hei zwee Beispiller fir Lëtzebuerg:

Ech dierf am Restaurant zu 10 Persounen op engem Dësch setzen. Wa mir zu 10 si ginn et 90 méiglech Infektiounswëer. Sinn déi eng 5 an engem Restaurant an di aner Kolleegen op engem aneren Dësch oder anerer Plaz (deemno hunn nach ëmmer 10 Persoune sozial Interaktioun) ginn et nëmme 40 méiglech Infektiounswëer, deemno ass den Infektiounsrisiko em 56 Prozent zréckgaangen.

Genee esou funktionéiert dat och op anere Plaze wei zum Beispill am Beruff. Huet eng Firma 100 Mataarbechter a léisst jidderee mat jidderengem schaffen, da ginn et 9900 Infektiounswëer. Ginn dës 100 Mataarbechter a Gruppe vun 10 agedeelt, da ginn et nach 900 Infektiounswëer. Den Infektiounsrisiko geet em iwwer 90 Prozent zréck.

Lo =Infektiounsweeër ; N=Unzuel Persounen ; K=Unzuel Gruppen an déi N agedeelt ginn ; L=Infektiounsweeër no Opdeelung Gruppen

Mir bleiwen an enger kritescher Situatioun

Wann sech di nächst Deeg d’Zuelen net stabiliséieren an an de nächste Wochen d’ Zuelen net zréck ginn, da gëtt de Contact-Tracing onméiglech (4) wat zu engem onkontrolléierten Ausbreede vum Virus feiert. Wann dann zousätzlech Restriktioune musse geholl ginn, wäerten déi awer mam nämmlechte Prinzip oflafe wei uewen erkläert. Nämlech duerch Kontaktreduzéierung d’ Zuel vu méiglechen Infektiounen drécken.

Wocheréckbléck 12. – 18. Oktober 2020

An der Woch vum 12. bis 18. Oktober sinn 2 weider Persounen un enger Sars-CoV-2-Infektioun gestuerwen. Et waren 2 Männer iwwer 79 Joer.

Par Rapport zur Woch virdrun ass d’ Zuel u Neiinfektiounen eng weider Kéier drastesch an d’ Luucht gaangen. Virun allem iwwert Ordonnance (also op Symptomer) ginn ëmmer méi positiv Fäll detektéiert. War an de leschte Wochen den Ënnerscheed vu Persounen déi op Ordonnance oder Contact Tracing positiv getest goufen ëmmer em déi 5 Prozent leie mer dës Woch bei iwwer 10 Prozent Ënnerscheed (Contact Tracing: 37,53%; Ordonnance: 47,69%). Fir mech een Zeechen, datt den Tracing den Ament net méi ganz no kennt.

Kuckt een sech déi aktiv Infektiounen no Alter un, gesäit een, datt an allen Altersgruppen d’ Infektiounen zouhuelen. Déi geréngsten Hausse an de leschte 4 Woche gouf et an der Altersklass 0-9, hei ass et ee Plus vun 13 Prozent. Déi héchsten Hausse gëtt et bei de Persounen iwwer 70 Joer, et ass quasi eng Verdräifachung. Knapp hannendrun sinn déi 60-69-Järeg, do ass et e plus vun 150 Prozent.

Am Iwwerbléck gesäit een dat sech den Trend aus de leschte Woche bestätegt. Och am Large Scale Testing ginn ëmmer méi positiv Fäll detektéiert.

Sourcen

  1. https://pierre.weimerskirch.net/de-letzebuerger-wee/
  2. https://msan.gouvernement.lu/fr/actualites.gouvernement%2Bfr%2Bactualites%2Btoutes_actualites%2Bcommuniques%2B2020%2B10-octobre%2B18-centre-prelevement-kirchberg.html
  3. http://rocs.hu-berlin.de/contact-reduction-tutorial/#/
  4. https://pierre.weimerskirch.net/kontakter-reduzeieren-heescht-schoulen-a-restauranten-ophalen/

158 Responses

Comments are closed.