Réckbleck op di lescht Wochen

Obwuel et déi lescht Woch mat 891 Neiinfektiounen op engem Dag een neie Rekordwäert gouf, ass et iwwert d’ Woch gekuckt déi 4. Woch hannerenee wou d’ Zuele liicht zréck ginn. D’ 7-Dages-Inzidenz léit elo bei 550.

Bis op Weideres feelen Donnéeë vun de Persounen déi an Autoquarantän positiv getest gouf, eng wichteg Zuel fir d’ Dynamik vun de Neiinfektioune kenne richteg anzeschätzen. Insgesamt ass d’ Zuel vun de Persounen déi op Ordonnance (Persounen op Symptomer a Persounen a Quarantän) quasi konstant.

Kuckt een sech d’ Zuelen aus dem Large Scale Testing un gesäit een dat di lescht Woch méi getest gouf wei di Woche virdrun a par Rapport zur Woch virdrun goufen och manner Positiver fonnt. De Positivtaux ass och weider liicht réckleefeg.

Gouf ze spéit reagéiert?

Eng Fro déi an de leschten Deeg vill opgeworf gouf. Dofir hei meng Analyse.

Wann ee sech ukuckt wei de Reproduktiounstaux iwwert déi lescht Woche variéiert huet, hätte mer um Dag vun haut och besser kennen do stoen.

Ufank Oktober sinn d’ Zuele geklommen, dat exponentiell an och de Reproduktiounstaux ass permanent an d’ Luucht gaang. Bis d’ Regierung den 19. Oktober den Appell un d’ Leit geriicht huet méi lues ze trieden. 5 Deeg drop knéckt de Reproduktiounstaux an (Tëscht Infektioun a positivem Test kenne gär 5-10 Deeg leien.) Den 30. Oktober trëtt dat neit Gesetz a Kraaft, 9 Deeg drop fält de Reproduktiounstaux op den 8. November op 0.83. An den Deeg duerno beweegt e sech nees Richtung 1. Eng méiglech Erklärung ass d’ Allerhellegevakanz mat engem Feierdag deen d’ Familljen no beienee bréngt. Eng gutt Woch no der  Vakanz ass de Reproduktiounstaux nees liicht iwwer 1. Ënn leschter Woch ass de Reproduktiounstaux nees Richtung 0.8 gaangen. En Trend deen sech déi lescht Deeg net méi konforméiert huet. (Natierlech spillen och Zoufäll an aner extern Facteuren eng Roll, dëst ass eng méiglech Erklärunge.)

Effektive Reproduktiounstaux op der Zäitschinn

Bléck op di nächst Deeg

Ideal wier et wann elo schonn d’ Annonce aus der leschter Woch vun de néie Mesuren an de nächsten Deeg eng Wierkung weisen. Mat den ale Mesurë gouf et fäerdeg bruecht den R op 0.83 ze drécken, mat de néie Mesure misste mer en Donneschdeg an enger Woch éischt Effekter gesinn a vläicht brénge mer et fäerdeg all gemeinsam Richtung 0.7 eis ze beweegen. Wa mer vun haut un en R vun 0.8 hunn da si mer den 13. Dezember bei 225 Neiinfektiounen an der 7-Deeg-Moyenne. Bei R=0.7 hu mer den 13. Dezember 132 Neiinfektiounen.

En aneren Effekt deen ech mer leider och kéint virstellen ass, datt an de leschten Deeg an elo och nach bis en Mëttwochowend d’ Leit profitéieren an d’ Zuele villäicht esou guer iwwert déi nächst Deeg nach emol klamme kéinten.

11 Responses

  1. De Laurent Didier, dee wahrend deenen drai Wochen deelweis physesch ugeschloe war,  klasseiert sech am General op enger uerdentlecher 64. Plaz op eppes iwwer drai Stonnen. E Reckbleck op en Giro d’Italia, wou de Bob Jungels et faerdeg bruecht hat an de Rosa Trikot ze fueren.

  2. www.xmc.pl says:

    I’m having a little problem I cant subscribe your rss feed, I’m using google reader fyi.

  3. Are all of these articles written you or did you hire a writer?

  4. Pianino says:

    Your blogis so much better than my cousin Gregs blog. He really doesnt know what hes talking about.

  5. Socjologia Tematy says:

    Try this on for size, The acorn doesnt fall far from the tree.

    http://www.socjologia.xmc.pl

  6. Japan says:

    I would like to thank you for the efforts youve got produced in writing this post. I am hoping the exact same most effective function from you within the long term too. In fact your creative writing abilities has inspired me to start my very own BlogEngine blog now.

  7. By aktorka odniosla sukces, powinna miec twarz Wenus, umysl Minewry, wdziek Terpsychory, pamiec wzietego prawnika oraz sklre z gaznika. E. Barrymore UMS*

  8. Thank you for the info, much appreciated !

  9. Thats a very good feedback. Im curious to think what type of impact this would have globally? There are times when things like this begin to have global expansion and frustration. Ill check back to see what you have to say.

  10. Ive to say, I dont know if its the clashing colours or the unhealthy grammar, but this blog is hideous! I imply, I dont want to sound like a know-it-all or something, however may you will have possibly put slightly bit more effort into this subject. Its really interesting, however you dont characterize it properly in any respect, man. Anyway, in my language, there arent much good source like this.

  11. The way you write make it truly simple to read. And the theme you use, wow. It really is a really decent combination. And I am wondering what is the name of the design you use?

Leave a Reply

Your email address will not be published.