Vun aktuelle Zuelen, iwwer Hoffnung a Realismus

Iwwer aktuell Zuelen

An der Kalennerwoch 43 sinn 12 Mënsche mat enger SARS-CoV-2-Infektioun gestuerwen. Zanter laangem déi éischte Kéier nees eng Persoun an di 50 Joer. Och 2 Persounen am Alter vu 60-69 si verscheet. Mat 8 Fraen a 4 Männer, statistesch gesinn stierwe méi Männer Fraen duerch eng Infektioun mat dësem Coronavirus.

Source: Ministère de la Santé

An der Woch vum 19.10 bis 25.10.2020 sinn d’ Infektiounszuelen explodéiert. Wuel ass nees méi getest gi wéi an de Woche virdrun, ma den Undeel vun de positiven Tester ass an alle Kategorien extrem an d’ Luucht gaangen. Mëttlerweil ass bal al 11. op Ordonnance geteste Persoun positiv. Och den Taux u positiven Tester beim Contact Tracing ass weider an d’ Luucht gaangen. Vun di lescht Woch 6,32% op elo 8,74%; eng méiglech Erklärung kann déi mi kal a naass Joreszäit si wou Coronaviren allgemeng méi heefeg iwwerdroe ginn.

Source: Ministère de la Santé
Source: Ministère de la Santé

D’ Zuel vu Neiinfektioune klemmt, an dat iwwer all d’ Alterskategorien. Besonnesch d’ Persounen iwwer 60 respektiv iwwer 70 muss ee besonnesch am A halen, an do gesäit et net esou gutt aus; et ass dovun auszegoen dat an de nächsten Deeg d’ Hospitalisatioun weider zouhuelen, weider Mënschen op der intensiv Statioun betreit musse ginn an och weider Mënsche wäerte stierwen.

Iwwer Hoffnung

An de nächsten Deeg wäert sech weisen op di Appeller vun de leschten Deeg eppes bruecht hunn a sech d’ Leit anescht verhalen an esou Infektiounsketten duerch manner Kontakter gebrach ginn.

Positiv ass och dat aktuell eng Campagne leeft wou all d’ Awunner vun Alters- a Fleegeheemer getest ginn, grad wei d’ Personal. Wat sécher en Deel vun de Neiinfektioune bei Persounen iwwer 70 Joer ausmëscht. Esou wësse mer bannent e puer Deeg wei d’ Situatioun an den Heemer ass an déi néideg Mesure fir d’ Leit ze schütze kennen ëmgesat ginn. Ma fir dat dës Mesure hir Friichten dréit ass et grad elo wichteg, dat esou mann wei méiglech Leit vu Baussen an déi Strukture kommen. Dëst ass een Tromp deen et esou an anere Länner net gëtt.

Vum Large Scale Testing kann een hale wat ee well. Ma dat mannst wat ee soe kann ass, datt en elo e wesentleche Bestanddeel ass fir aktiv Infektiounen ze detektéieren, di positiv geteste Leit sech an Isolatioun ginn an d’ Kontakter déi een hat sech a Quarantän beginn. Esou kann dës Wëll enorm séier gebrach ginn. Elleng di lëscht Woch goufen 62170 Tester bei Residente gemaach, dat si bal 10 Prozent vun der Populatioun. Och dëst een Atout wat keen anert Land huet. Grad elo ass et wichteg sech och ouni Symptomer testen ze loossen.

 

Iwwer Realismus

Mat Bléck an eis Nopeschlänner Belsch a Frankräich gesäit ee wei séier d’ Situatioun ka ganz dramatesch ginn. An et ass an all Land dee nämmlechte Virus, dofir kann och dat wou am Ausland geschitt hei geschéien. An dat wäert och geschéie wann elo d’ Dynamik net gebrach gëtt.

A fir all déi wou menge Lëtzebuerg kéint och de schwedesche Wee goen. Jo dat kënne mer, mee da musse mer eis un d’ Reegelen halen, well dat Ënnerscheed vläicht de Schwed vum Lëtzebuerger.

An der schwedescher Stad Uppsala, wou d’ Infektiounen änlech klamme wei zu Lëtzebuerg gëlle folgend Recommandatiounen:

  • et soll een den ëffentlechen Transport vermeiden
  • bis den 3. November soll ee keng Partyen organiséieren an et soll ee kee Kontakt zu Mënschen hunn déi net am nämmlechte Stot liewen
  • a wann et geet soll een Doheem bleiwen

Fir all déi wou de schwedesche Wee wëlle goen, dann haalt Iech un dës einfach Reegelen.

155 Responses

Comments are closed.